1953

1953

Den 23. August 1953 gëtt zu Schwéidsbengen dat éischt Wäifescht ofgehaal. Bei dëser Geleeënheet gëtt de Wäibur "Fontaine des enfants aux raisins", entworf vum Kënschtler Di Domenico (Ateliers Orsini vu Paräis), ageweiht. Aus dësem Bur fléisst zënterhier all Joar e gudde Wéngchen, e Rivaner Letscheberg, deen de Gäscht offréiert gëtt.

Éischten Éieregaascht ass den Aussen- a Wäibauminister Joseph Bech. D'Welleschter Musek, d'Harmonie Remerschen, d'Harmonie Municipale Concordia Réimech grad wéi d'Chorale Museldall vu Waasserbëlleg an d'Chorale Ste Cécile vu Schwéidsbengen suerge fir Stëmmung am Duerf. An engem Zelt am Muselwee beim "Grand Gala du Vin" gëtt mat der Dänzerin Stenia Zapalowska an hirer Trupp bis an d'Nuecht era gefeiert. Als Souvenir ginn et Wäiglieser a Konkelen ze keefen. Eng Festbroschür vum Martin Gerges "Inauguration de la fontaine des enfants aux raisins et des anciens pressoirs" kënnt eraus, als éischt vun enger laanger Rei vu Schwéidsbenger Muselpublikatiounen.

1954

1954

Vun dësem Joar un gëtt d'Wäifescht op dem éischte Sonndeg am September, dem Kiermessonndeg oder der sougenannter "Schwéidsbenger Fléifouer" gefeiert. Den Éieregaascht ass den Emile Colling. Samschdes trëtt d'"Fanfare de Verneuil" (F) op an d'Chorale "Ons Hémecht" vu Péiteng ënnert der Leedung vum Paul Sontag erfreeën d'Leit mat hirem Gesang. D'Danzkënschtlerin Stenia Zapalowska mat 10 vun hire Schülerinnen begeeschteren d'Gäscht mat enger flotter Danzshow. E Glas beim Wäibur kascht 10 Frang.

1955

1955

Als Éieregaascht begréisse mir de Justizminister Victor Bodson. Animéiert gëtt d'Fest vun der Fanfare vu Welleschten ënner der Leedung vum J.P.Koster, der Harmonie "Concordia" Réimech ënnert der Direktioun vum W. Krumlowsky, an der Chorale "Ons Heemecht" Péiteng, dirigéiert vum Paul Sontag. Donieft trëtt d'Balett-Trupp "Les Balladins" ënner der Direktioun vum Jules Mackel op, duerno ass Wäibal. De Bëschof Léon Lommel weiht d'Wäimadonna "Notre Dames des Vignes" vum Aurelio Sabbatini an. D'Buch "Schwebsingen 1955" kënnt eraus.

1956

1956

De Staatsminister Joseph Bech ass eisen Éieregaascht, an d'Harmonie vu Remerschen ënner der Direktioun vum Emile Schmit suergt nieft der Chorale "Caecilia" vu Walfer ënner dem J.P. Boever fir Stëmmung. Och de Gesangveräin "Ons Heemecht" vu Péiteng trëtt um Wäifescht op. Ausserdeem féiert de Grupp "Uucht - La Veillée" Folklore-Dänz a Lidder op. D'Buch vun den "Publications Mosellanes" heescht dëst Joer "Le vignoble Luxembourgeois".

1957

1957

Mam Staatssekretär Paul Wilwertz als Éieregaascht begréisse mir bei Geleeënheet vun dësem 5. Wäifescht d'Chorale "Ons Heemecht" vu Péiteng ënner der Leedung vum Paul Sontag, d'Fanfare vun de Pompjeeën vu Wellesteen ënner dem Jean-Pierre Koster, "La Chanson du vin" mam Chouer an Orchester vum Saarlännesche Rundfunk, d'Fanfare Royale "Moed & Volharding" vun Heist-op-den-Berg, an d'Harmonie "Concordia" vu Réimech. Virgefouert gi klassesch- a Folklore- Dänz mat der "Ecole de Ballet Edg. De Ghistelles" vu Lëtzebuerg. Bei der Kierch gëtt de Stee-Relief "Christus in der Kelter" vum Aurelio Sabbatini opgeriit. Donieft kënnt d'Buch "La route du vin – mosaïque mosellane" eraus.

1958

1958

De Staatssekretär Henri Cravatte, als Éieregaascht, an de Publikum kréien "La Chanson du vin" mam Chouer an Orchester vum Saarlännesche Rundfunk ënner der Direktioun vum Jos Michels an dem Eug. Thanun virgefouert. De Camillo Felgen (RTL) an den Dr. Heinz Dützmann (Saarbrécken) féieren duerch de Programm. Ausserdem trieden op: d'Harmonie Remerschen ënner der Direktioun vum Emile Schmit, d'Société "La Ronde Joyeuse des Vignerons" Bech-Maacher ënner dem Erny Pütz, d'Fanfare vun de Welleschter Pompjeeën, an d'Chorale "Ons Heemecht" vu Péiteng mam Paul Sontag als Dirigent, an dem Jempy Kemmer um Piano. Donieft gëtt et eng Ausstellung "Le Vin nous invite-vu à travers le monde" mat Affichen, Prospekter a Broschüren iwwer de Wäin, Folklore-Dänz mat der "Ecole de Ballet Jules Mackel" Lëtzebuerg, a Folklore- Dänz a Lidder mat der Grupp "Uucht – La Veillée". D'Buch "La Moselle, son passé, son avenir" kënnt eraus.

1959

1959

Als Éieregaascht kënnt den Transportminister Robert Schaffner. Musikalesch agerummt gëtt dëst Wäifescht vun der Harmonie "Concordia" Réimech ënner der Leedung vum Johny Schmidt, der Fanfare vun de Welleschter Pompjeeën ënner dem J.P. Koster, der Chorale "Ronde Joyeuse" Bech-Maacher ënner dem Erny Pütz, der Fanfare Schieren ënner dem Théo Scholz, an der Chorale "Ons Heemecht" Péiteng mam Paul Sontag als Dirigent. Dat 7. Wäifescht as och dat éischt mat engem Wäiquiz. Bei dëser Geleeënheet gëtt d'Buch "Mosella, eis Musel zur Réimerzäit" virgestallt.