1960

1960

Mam Emile Schaus mécht dëst Joer e Wäibauminister de Bur op. D'Fanfare Welleschten ënner der Direktioun vum J.P. Koster, d'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Paul Sontag, an d'Harmonie Zolwer ënner der Direktioun vum Jean Schmit hu fir de musikaleschen Deel gesuergt. D'Buch "Dem Decimus Magnus Ausonius seng Rees op d'Musel" gëtt publizéiert.

1961

1961

Als Éieregaascht mécht dëst Joer de Justizminister Paul Elvinger de Bur op. D'Fanfare a Chorale Greiveldengen ënner der Direktioun vum Nic Henx a Will Reuland presentéieren "En Owend op der Musel". Donieft trieden op: d'Fanfare Welleschten ënner dem J.P. Koster an d'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Paul Sontag, um Piano begleet vum Jempy Kemmer. D'Buch "Op der Musel" kënnt eraus.

1962

1962

Um 10. Wäifescht mécht de Gesondheetsminister Dr. Emile Colling de Bur op. D'"Koninklijke Fanfare Moed&
Volharding" vun Heist-op-den-Berg ënner der Direktioun vum Alph. Van Loo gëtt e Concert. D'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Dirigent Paul Sontag, um Piano begleet vum Jempy Kemmer, trëtt op. Donieft gëtt "En Owend aus der aler Zäit" (lëtzebuerger Lidder an de Scholdschäin vum Dicks), gespillt vu Réimecher Schoulbouwen ënner der Leedung vum Jean Kieffer a Pol Wagener. E schwéiert Donnerwieder léisst d'Festzelt bal fortfléien. "Mosaïque mosellane" heescht d'Buch vun den Editions Mosellanes dëst Joer.

1963

1963

Éieregaascht ass de Vize-Staatsminister Eugène Schaus. D'"Koninklijke Fanfare de Eendracht" vun Itegem gëtt e Concert. "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Dirigent Paul Sontag, um Piano begleed vum Jempy Kemmer, trëtt op.

1964

1964

Opgemat gëtt de Wäibur vum Wäibauminister e.r. Emile Schaus. D'Pompjeesfanfare Welleschten ënner dem J.P. Koster an d'Harmonie "Union Mamer" ënner dem Nicky Kirsch trieden op. D'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Camille Rodenbour a mam Jempy Kemmer um Piano sengt e puer Lidder. Dono gëtt et nach eng Virféierung vum Turnveräin "L'Avenir" Hollerech.

1965

1965

Als Éieregäscht begréisse mir de Wäibauminister Dr. Emile Colling an de Kulturminister Pierre Grégoire. D'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Camille Rodenbour a mam Jempy Kemmer um Piano, an d'Harmonie "Union Mamer" ënner dem Arthur Schoentgen ginn e Concert zum Beschten. D'Fanfare Welleschten presentéiert de "Musel-Spurri", e lëschtegt Muselspill tëschent 8 Museluertschaften.

1966

1966

Den Inneminister Henri Cravatte huet d'Éier de Bur opzemaachen. D'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng ënner dem Camille Rodenbour a mam Jempy Kemmer um Piano, an d'Harmonie "Union Mamer" ënner dem Arthur Schoentgen ginn e Concert zum Beschten.

1967

1967

Als Éieregaascht um 15. Wäifescht begréisse mir de Wäibauminister J.P.Büchler. D'Pompjeesfanfare vu Welleschten spillt ënner der Direktioun vum J.P. Koster, den "Do-Quartett" Gréiwemaacher gëtt e Vocalconcert, an d'Chorale "Ons Heemecht" Péiteng spillt ënner der Direktioun vum Camille Rodenbour a mam Jempy Kemmer um Piano. Déi nei Hal bei der Musel, déi vun elo un d'Festzelt ersetzt, gëtt duerch de Monseigneur Mangers ageweiht.

1968

1968

Dëst Joer hu mir de Kulturminister Pierre Grégoire zu Gaascht. Musikalesch agerummt gëtt d'Fescht duerch d'Fanfare Welleschten an "Ons Heemecht" Péiteng, mam Dirigent Camille Rodenbour a mam Jempy Kemmer um Piano. D'Chorale Ste. Cécile Réimech sengt a spillt "Eng Schappen Musellidder" an "Dräi as göttlech" vum Batty Weber.

1969

1969

De Wirtschaftsminister Marcel Mart ass Éieregaascht. Nieft engem Optrëtt vun der Fanfare vun de Welleschter
Pompjeeën an enger "Ouverture musicale" mat der Harmonie Remerschen ënner dem E. Schmit gëtt et en Danzowend "Sport a Musek" mat der Kunstfahrergruppe "die Taube" - Orscholz an der Grupp "Folk 69". Den Turnveräin "L'avenir Hollerich" féiert eng "Gala gymnique" op