1970

1970

Als Éieregaascht soll de franséische Botschafter Exzellenz Renaud Sivan kommen, hien ass awer verhënnert. Als Vertrieder kënnt de Konsul Langenbach. Dëst Joer ass den éischte grousse Ballonsconcours. Musikalesch trieden den Hary Haagen an de Fernand Fox mat hire Sketcher "Vin-Joie-Santé" op. D'Fanfare Déifferdeng an d'Fanfare vu Welleschten ginn e Concert. De jonke Sänger Roby Diederich mat senger wonnerschéiner Stëmm, an d'Mariette Werckx mat hirer fantastescher Kontorsiounskonscht begeeschteren d'Publikum.

1971

1971

De Wäibauminister J.P. Büchler ass Éieregaascht. D'Majoretten an d'Musikanten vun Talange (F) danzen a suerge fir de musikaleschen Deel vum Wäifescht. De Camillo Felgen begeeschtert d'Leit mat senge bekannte Lidder. Eng flott Ausstellung iwwert "Das Weingefäss im Wandel der Zeit" ass an der aler Schoul ze bewonneren.

1972

1972

De Buergermeeschter Albert Ruppert begréisst den Éieregaascht Joseph Bech op eisem 20. Wäifescht. De Staatssekretär Emile Krieps mécht de Wäibur op. De gemëschte Chouer "Ons Hémecht" trëtt fir d'16. Kéier op der Schwéidsbenger Fléifouer op. Samschdes kann een déi 30 Mann staark englesch Grupp "The Rochdale Band" (Finalist "World and National Championship 1972") an der Festhal bewonneren.

1973

1973

Als Éieregaascht gëtt de Wäibauminister J.P. Büchler vum Schäffen Aloyse Zenner begréisst. De Galaconcert gëtt vun der "Union Chorale Grand-Ducale" aus dem Rollingergronn mat der Ennerstëtzung vun der "Société Chorale Typographia Luxembourg" ënner der Leedung vum J.P. Geisler opgefouert. Beim Wäibur trëtt d'Chorale Mixte Bech-Maacher ënner der Direktioun vum Ernest Pütz op.

1974

De Schäffen Aloyse Zenner begréisst de Staatssekretär Albert Berchem an de Minister Emile Krieps, uschléissend hale si d’Usprooch. An der Hal trieden "d’Miseler Däpp" - "Dicksiana emol anescht" op, begleet gi si vum Dancy um Piano a vun den Humoristen Pier Kremer a Fernand Fox . Ausserdeem trëtt de "Kunstradsportverein Die Taube" vun Orscholz op.

1975

1975

Als Éieregaascht gëtt den Inneminister Jos Wohlfart vum Schäffen Aloyse Zenner op der Schwéidsbenger Fléifouer begréisst. Fir déi musikalesch Ennerhalung suergen d'"Miseler Däpp" an d'"Chorale Caecilia Moutfort-Medingen". E Schëmel oder "Schappe Patt" gëtt fir 180 Frang verkat.

Am Joer 1975 gëtt och d’Vereenegung "Fête du Vin – Schwéidsbengen" gegrënnt. Den éischte President ass de Roby Goldschmit.

1976

1976

De Schäffe René Risch begréisst de Staatssekretär Albert Berchem. Duerno Animatioun an Optrëtt vun de Majoretten vun Talange (F). Owes ass e grousse Bal mam Orchester "The River Band", ënnert dem Motto "La Nuit du Vin".

Dëst Joer ass och déi éischt Schwéidsbenger Gehaansnuet, déi vun elo un all Joer um Virowend vum Nationalfeierdag mat engem Freedefeier verschéinert gëtt.

1977

1977

Éieregaascht um 25. Wäifescht ass de Justizminister Robert Krieps. Et maache mat : d'Chorale "Ons Hémecht" Péiteng, d’Fanfare Greiveldengen ënner der Direktioun vum Nic Henx, d’Chorale "Ste-Cécile" Réimech mat lëtzebuerger Vollekslidder, "Muselowend" mat den "Folksingers", de "Miseler Däpp" a lëtzebuerger Artisten wéi dem "Staminet mam Pir Kremer, Micky Erpelding an Ali Bintz". Dat Ganzt gëtt live op RTL Radio Lëtzebuerg iwwerdroen. Fir dëse Jubiläum huet den Aurelio Sabbatini e Motif fir en Faassbuedem entworf, deen de François Salm realiséiert huet. Dat Konschtwierk hänkt beim grousse Kelter. Musikalesch Animatioun duerch den Orchester "The Riverband".

An dësem Joer geet och de Schwéidsbenger Camping mam Bootshafen op.

1978

1978

De Bur gëtt opgemat vum Wäibauminister Jean Hamilius. Duerno trëtt de Folkloregrupp vun Hilbringen (Saar) op. Owes gëtt e Freedefeier ofgeschoss.

1979

1979

De Conseiller Alfred Schanen begréisst als Éieregaascht den Tourismusminister Fernand Boden.

De Roby Goldschmit, den éischte President vum Schwéidsbenger Wäifescht, verléisst eis dëst Joer fir ëmmer.

Seng Nofolleg iwwerhëlt de Raymond Risch.