1980

1980

De Schäffe René Risch begréisst de Sportsminister Josy Barthel als Éieregaascht, deen dëst Joer de Wäibur unzaapt.

An der Hal spillt d'"Harmonie Municipale d’Eich" e Galaconcert.

1981

1981

De Finanzminister Jacques Santer mécht als Éieregaascht de Bur op. Duerno suergen d’Chorale Ste. Cécile Réimech an d’Fanfare Greiveldingen fir de musikaleschen Deel.

E Käerzestänner fir 180 Frang gëtt zugonschte vu behënnerte Kanner verkaft.

1982

1982

De Gesondheetsminister Emile Krieps huet d’Éier, dat 30. Wäifescht opzemaachen. D’Chorale “Ons Heemecht” vu Péiteng, ënner der Leedung vum Jempy Kemmer, séngt fir eis Gäscht. Donieft hu mir eng Ausstellung “Anno Tubak” a Wäischmaachen um Programm. Am Kader vun “Schwéidsbengen Village Fleuri” huet de François Salm vu Réimech e Faasbuedem geschnëtzt, deen am Agank vum Duerf am Muselwee steet. Vun elo un ass all Joer eng Ausstellung mat engem Kënschtler. Den Ufank mécht de Camille Kiefer

1983

1983

De Staatsminister Pierre Werner ass dëst Joer Éieregaascht um Wäifescht. Fir de musikaleschen Deel suergt d’Chorale Ste-Cécile Réimech ënner der Direktioun vum Pol Wagener. D’Hal um Camping gëtt ofgeriit an nei gemaach, en Zelt fir d’Wäifescht ass dofir an der Wiss am grousse Muselwee opgeriit ginn. De Gewënner vun enger Tombola gëtt mat Rivaner opgewiiën.

1984

1984

Eisen Éieregaascht, de Staatssekretär René Steichen, gëtt vum René Risch begréisst. Den Arbechts- a Budgetsminister Jean-Claude Juncker sengersäits weiht déi nei Hal am Muselwee an (se ass vum Camping an de Muselwee geplënnert ginn). D’Fanfare Welleschten ënner der Direktioun vum M.Schintgen, an d’Stater Harmonie Municipale ginn hiert musikalescht Kënnen zum Beschten. Animéiert gëtt d’Wäifescht duerch eng international Vëloscourse fir Junioren, der “Course de la Fête du Vin”. Donieft gëtt et eng Breakdance Virstellung mam “K5-Corps Würzburg” an eng Ausstellung “De Wéngert no Feierowend” vum Raymond Gloden a Paul Goldschmit. Dat éischt vun enger Serie vu Kristallsglieser mat Motiver aus dem Schwéidsbenger Fräiliichtmusee kënnt eraus.

1985

De Bauteminister Marcel Schlechter zaapt de Wäibur un. Musikalesch loosse mir eis vun der “Chorale Hollerich-Gasperich-Walferdange” ënner der Direktioun vum Fern. Jung verwinnen. Nieft enger Opféierung mam Danzsportclub “Roud-Wäiss-Blo” Lëtzebuerg, gëtt och nach eng Ausstellung vum Kënschtler Henri Hirtt gebueden.

1986

1986

Mir begréissen als Éieregaascht de Wäibauminister Marc Fischbach bei der Aweihung vun den Duerfplazen "Albert Ruppert" beim Wäibur an “Erny Wiltzius” beim grousse Kelter. D’Harmonie "Union" vun Elwen ënner der Direktioun vum Werner Eckes ënnerstëtzt dës Feier musikalesch. Den Danzsportclub “Roud-Wäiss-Blo” Lëtzebuerg trëtt op.

Am Duerf gëtt dëst Joer en ale Pëtz, tëschend den Duerfplaazen “Ruppert” a “Wiltzius” nees nei opgeriit .

1987

1987

Fir dat 35. Wäifescht hu mir de Bauteminister Marcel Schlechter als Éieregaascht. D'"Chorale Hollerich-Gasperich-Walferdange" ënner der Direktioun vum Fern. Jung, mat de Solisten Rica Everling, Laurent Koster an dem Josée Faltz-Wilmes um Piano, bidden de musikalesche Kader. Dem Wenzel Profant seng Konschtwierker sinn am Charel Urbany sengem Keller ausgestallt, an den Danzsportclub "Roud-Wäiss-Blo" Lëtzebuerg trëtt op. Et gëtt eng Tombola, bei där als éischte Präis dem Gewënner säi Kierpergewiicht a Rivaner opgewiië gëtt.

1988

1988

Eisen Éieregaascht ass den Inneminister Jean Spautz. Nieft der Harmonie "Union Elwen" ënner dem Werner Eckes, an dem John Belli mat "Sänger aus dem Ländchen", presentéiere mir de Quiz "E Lach an de Bauch" mam René Pütz a Marc Faber. De Gilbert Ruppert vu Schengen gëtt heibäi den 1. "Kinnek op der Musel". Ausgestallt ginn dëst Joer Konschtwierker vum Astrid Schmit. E Konschtteller vum Christiane Fisch gëtt als Souvenir verkaft.

Ennert der Iddi "Wäin a Kéis" gi fir d’éischte Kéier zwee lëtzebuerger Wäisswäiner a fënnef Kéiszorten zerwéiert.

Neie President vum Schwéidsbenger Wäifescht gëtt de Carlo Braun.

1989

1989

De Wäibauminister Fernand Boden ass eise Gaascht vun dësem Joer. Hien huet d’Éier déi éischt Auxerrois-Rief am neie Ministeschwéngert ze setzen. Op musikaleschem Plang spillt d’Harmonie "Union Elwen" ënner dem Werner Eckes, an als Animatioun gëtt et e lëschtegt Froëspill "E Lach an de Bauch" mam Marc Faber an René Pütz.

Gewënnerin gëtt d’Gaby Kerschenmeyer vum Sennengerbierg. D’Gaby Braun stellt hier Konschtwierker aus.

Fir 150 Joer Lëtzebuerger Onofhängegkeet schéisse mir en grousst Freedefeier of. Bei dëser Geleeënheet hu mir als Wäin e sëffegen Rulänner mat enger spezieller Etikett ugebueden.