2000

2000

De Wirtschaftsminister Henri Grethen gëtt vum Schäffe René Philippy als Éieregaascht vun dësem Wäifescht begréisst. Den Nomëttes-Concert gëtt virgedroe vun der "US Air Forces in Europe Band" ënner der Direktioun vum Col. Dennis M. Layendecker. Am Duerf suergen d'"Museksfrënn 97" fir Stëmmung. Samschdes spillt den Orchester "Diesel", a Sonndes Owes suergt den "Häemelmaous-Orchester" fir Stëmmung. De Kënschtler an eiser Ausstellung ass den Alfred Steinmetzer.

De Martin Gerges, Publizist vun de "Publications Mosellanes" ass gestuerwen.

2001

2001

De Wäibauminister Fernand Boden fillt sech bei der véierte Kéier als Éieregaascht zu Schwéidsbengen scho bal wéi doheem. Samschdes rifft "Diesel" nees zum Danz op, an de Sonndesconcert gëtt gespillt vum "Musikverein Edelweiss Wörth am Rhein". Am Duerf ass Animatioun mat de "Museksfrënn 97", dono kënnt den Orchester "Häemelmaous Trio" op d’Bühn. D’Ann Vinck stellt hier Wierker aus.

2002

2002

De Gesondheetsminister Carlo Wagner ass eisen Éieregaascht. Bei Geleeënheet vum 50. Wäifescht gëtt d’Skulptur "Porteuse de Vin", vum Kënschtler Toun, am Duerf opgestallt an d'"Place Martin Gerges" gëtt ageweiht. D'"United States Air Forces in Europe Band" weist eis hiert Kënnen bei engem Concert. Den Orchester "Awacs" trëtt Samschdes op.

D'"Gehaansbléiser" leeden de Sonndeg an, Owes rifft d´ "Häemelmaous" zum Danz. D’Wierker vum Norbert Hastert sinn am Augustinshaus ausgestallt. Fir dat 50. Wäifescht kënnt eng Festschrëft eraus: "Schwéidsbengen an d’Musel".

Mir hun eng Sérigraphie vum Kënschtler Norbert Hastert als "série limitée" fir e gudden Zweck verkaft.

2003

2003

De Premierminister Jean-Claude Juncker mécht de Bur op a setzt seng Rief am Ministeschwéngert. Zum Optakt vum Sonndeg spillen d'"Gehaansbléiser", duerno gëtt d'"Rhythm & Swing Big Band Trier" e Concert. Konschtwierker vum Nico Hienckes sinn am Augustinshaus ausgestallt.

2004

2004

Éieregaascht ass dëst Joer den Inneminister Jean-Marie Halsdorf, a mir lauschteren e Concert vum "Ensemble Musical et Folklorique du Haut-Koenigsbourg". De Wäibal vu Samschdes fällt ewech, dofir réckelt de Vernissage vun der Konschtausstellung Freides méi an de Mëttelpunkt. D’Kënschtlerin Ursula Bauer presentéiert Freides Owes, ënnerstëtzt duerch zwou Musikantinnen, hier Wierker. Sonndes animéieren d'"Gehaansbléiser" an den "Häemelmaous Orchester".

De President Charel Urbany gëtt vum Paul Goldschmit ofgeléist.

2005

2005

De Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo ass eisen Éieregaascht. E Merci un d'"Stadtmusik Bitburg", déi kuerzfristeg aspréngt fir d'"US Air Forces Band" ze ersetzen.

Donieft hu mir d'"Gehaansbléiser", den "Häemelmaous-Orchester" an och Musek beim Kéisstand. De Kënschtler Guy Hary presentéiert seng Wierker Freides um Vernissage am Augustinshaus. Duerno loossen mir de Miseler Owendbei engem gudde Patt a mat enger Hameschmier ausklëngen.Vun dësem Joer un riichten Handwierker hier Stänn um Kiermessonndeg am Duerf op.

Virum Wäifescht ginn d’Wäimadonna, verschidde Kelteren a Fässer am Duerf renovéiert.

2006

2006

Den Arbechtsminister François Biltgen mécht Sonndes de Wäibur op a planzt eng Rief. D'"Gehaansbléiser", den "Häemelmaous Orchester" an de "Musikverein Bitburg" suergen fir de musikalesche Programm. Freides Owes ass de Vernissage vun der Konschtausstellung vum Kënschtler Mario Vandivinit. Duerno spillen d'"Troaterbattien".

D’Poar Schwéidsbengen feiert op Kiermessonndeg hier 200 Joer, d’Chorale Ste Cécile Schwéidsbengen hier 80 Joer an d’Schwéidsbenger Pompjeeën hiere 75. Gebuertsdag.

2007

2007

Et ass dat 55. Wäifescht. Den delegéierten Ausseminister Nicolas Schmit setzt seng Rief an de Ministeschwéngert. De "Reservistenmusikzug Saarland" suergt fir gutt Stëmmung an der Hal.

D'"Gehaansbléiser", d'"Blue Stars" an de Grupp "Africulture" suergen fir weider Animatioun. De Skulpteur "Toun" stellt seng Wierker aus. Am "Mediterrane Goart" ass d'Ausstellung "Art et Jardin". Sonndes Mëttes kann ee vun dësem Joer un e gebakene Fësch an der Hal bestellen.

2008

2008

De René Philippy begréisst eisen Éieregaascht, d’Staatssekretärin Octavie Modert, um 56. Wäifescht. Fir de musikaleschen Deel suergt de belschen Orchester "de Volksvreugt Harmonie", och mat derbäi sinn d'"Gehaansbléiser" an den "Häemelmaous Trio". An der Ausstellung si Wierker vum Edmée Lichtfus ze gesinn.

2009

2009

De Gemengeconseiller Fränk Wiltzius begréisst de Wäibauminister Romain Schneider als Éieregaascht, dee seng Rief an de Ministeschwéngert planzt.

D'"Harmonie Royale l’Alliance de Sélange", d´ "Gehaansbléiser", an den "Häemelmaous-Orchester" suergen fir déi musikalesch Stëmmung. D’Billeraustellung ass vum Kënschtler Mathis Toussaint. Am "Mediterrane Goart" ass den Ofschloss vun der Konschtaktioun "Wachsen-Wuessen".