2010

2010

Als Éieregaascht mécht d’Tourismusministesch Françoise Hetto-Gaasch de Bur op a setzt hier Rief. Freides ass de Vernissage vun der Ausstellung vun de Kënschtler Rol Steimes a Jhang Meis. Sonndes suergen d'"Gehaansbléiser" an den "Häemelmaous Orchester" fir Stëmmung an d'"Harmonie Royale St. Joseph Eupen" gëtt e Concert zum Beschten. Niewend dem Ministeschwëngert si Mosaikbiller vum Raymond Risch ausgestallt.

2011

2011

De Buergermeeschter François Hemmen begréisst den Éieregaascht, d’Educationsministesch Mady Delvaux-Stehres, déi de Bur opmécht. D'"Original Schwarzwälder Hochwald Musikanten" bidden de musikalesche Kader. Am Duerf spillen d'"Power-Blechbléiser" vu Perlé, an Owes gëtt op d’Musek vum "Häemelmaous-Orchester" gedanzt. D’Edith Burggraff presentéiert hier Konschtwierker am Augustinshaus. Am "Mediterrane Goart" sinn d’Resultater vun der Summerakademie ze bewonneren.

Vun dësem Joer un sti grouss Prabbelie géint d’Sonn an de Reen beim Bur, beim Kéisstand a virun der Hal.
De Charel Urbany huet den Paul Goldschmit als President vum Wäifescht ofgeléist.

2012

2012

Um 60. Wäifescht gëtt den Éieregaascht, d´Kulturministesch Octavie Modert, vum Raymond Gloden, Conseiller vun der neier Gemeng Schengen begréisst. Si mécht de Bur op a planzt eng Rief an de Ministeschwéngert. De Sonndesconcert gëtt vun der "Harmonie Royale des Sapeurs Pompiers" vun Athus gespillt. D´Kënschtlerin Mariette Moutschen-Schrauben stellt hir Konschtwierker am Augustinshaus aus. Sonndes Owes mécht den "DJ Nilles" Musek fir déi Jonk an engem Zelt am Duerf.

Kuerz virun der Kiermes gëtt dëst Joer déi éischt "Marche Gourmande" vum Schwéidsbenger Wäifescht organiséiert.